Wéi reservéieren ech ?

Fir ze reservéieren fëllt w.e.g. einfach de Reservatiounsformulaire aus. De Montant kënn dir dono op eise Compte iwwerweisen, dëst gëllt dann als definitiv Bestätegung.

Zousätzlech zu eisen normalen Dëscher gëtt et och en ofgetrennte VIP Beräich. An eiser "Bühnebox" sëtzt dir e bësse méi héich direkt widder der Bühn mat natierlech beschter Vue. All Detailer fann dir hei ënnendrënner.

Den Entrée op d'Lënster Wiesn ass just méiglech duerch eng Dëschreservatioun, et gi keng "normal" Ticketen.

Mindestalter: 16 Joer.

Reservatioun am Festzelt - 55 Euro pro Persoun

  • Entréesticket
  • Reservéierten Dësch
  • Service um Dësch
  • 1/2 Maß Béier (oder Softdrink)
  • 1 bayrescht "Vorspeisenbrettl" pro Dësch
  • 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, Spätzle)

Reservatioun an der Bühnebox - 95 Euro pro Persoun

  • Entréesticket
  • Reservéierten Dësch um Podium direkt un der Bühn
  • Service um Dësch
  • 1 Fläsch Schampes pro 4 Leit
  • 1/2 Maß Béier (oder Softdrink)
  • 1 bayrescht "Vorspeisenbrettl" pro Dësch
  • 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, Spätzle)
  • 1 Apfelstrudel mat Vanilleszooss
  • 1 Schnaps
  • VIP Parking beim Fussballsterrain
  • Separat VIP Toiletten